Di ronn 200 Musikfrënn, déi de lëschte Samsdeg der Invitatioun vun der Foulschter Musik fir hire Galaconcert 2025 nokomm waren, goufen nit enttäuscht. Ënnert der Leedung vun hirer dynamischer Dirigentin Laurence Steichen hun di 60 Musikanten vun der Foulschter Musik di verschidden Musikstëcker mat Bravour interpretéiert. Och de Jugendensemble huet bewiessen, dat och jong musikalisch Talenter de Fortbestand vun der Musik vu Foulscht garantéieren. Durch de muskalischen Owend, dee bestëmmt fir all uweesend Leit e musikalischen Leckerbissen war, huet de Paul Lallemand fachmännisch geleet. No dësem exzellente Galaconcert huet Vizepresidentin Madamm Mariette Klein-Reiser allen Éieregäscht, Sponsoren an Nolauschterer Merci gesot fir hirPresenz an Ënnerstëtzung, an all Musikante mat hirer Dirigentin fir déi exzellent Leeschtung vun dësem Galaconcert gelueft.. Duerno, bei Schnittercher an engem gudde Patt ass bis an de fréie Moien zesumme gefeiert ginn.
Wien interesséiert ass dese Concert nach nodréiglich lauschteren ze kommen, de kann de nächste Sonndeg den, 30. Mäerz op Foulscht an de Kulturzentrum kommen . Ëm 17 Auer get et lass.
Reservatioune um Tel: 23 62 04 04, per mail gala2025@foulschtermusik.lu oder iwwer den Internetsite: Gala 2025
Text: ML Fotos: FH