10 000 Euro Scheck vun de Schüler aus dem Kuebebongert


Erléis vum Sponsored Run fir d‘ Amicale vun der Schoul fir Assistenzhonn

Feelen: Et gehéiert schon säit Joeren zur schéiner Traditioun, dat d’Schoulkanner aus dem Kuebebongert vu Feelen mat hiren Léierbeoptragten e puer Deeg virum Schoulofschloss, e Scheck fir engt gut Wierk weidergin. Viru kuurzem war et nees e souwäit, wou d‘Kanner aus den Cycle 1-4 den Erléis vum Sponsored Run am Kader vum Ofschloss vun der Schoulsportwoch vum 3. Juni, wou si fir all gelaafe Ronnen gesponsort gi sin, a mat voller Kraaft vill Kilometer absolvéiert hun. Ganz stolz konnten sie all zesummen a Presenz vum Gérard Roettgers vun der Regionaldirektioun Dikrech, e Scheck vun 10 000 Euro un Madame Nelly Nash, verbonnen mat engem oprichtige Merci iwergin, den der „ Amicale vun der Schoul fir Assistenzhonn“ zugut könnt. Mat konkrete Beispiller konnt den Mupp vun der Rass Golden Retriever de Kanner beweisen, wat hien an der Praxis fir d’Läit mat enger Behënnerung alles maache kann. (CR) (Foto: Charles Reiser)