Scheckiwwerreechung an der École privée Sainte-Anne zu Ettelbréck

De 4. Juli hat d'École privée Sainte-Anne zu Ettelbréck ee Spendelaf organiséiert. D’Schülerinnen hu mat vill Engagement Sponsore gesicht a mat hirer sportlecher Leeschtung eng immens Zomm gesammelt. Duerch hire gemeinsamen Effort sinn 23.922 € zesummekomm, déi offiziell un d’Madamm Margot Heirendt, Directrice vun der Fondation Cancer, iwwerreecht gi sinn. Ee grousse Merci der ganzer Schoulgemeinschaft an all deenen, déi dësen Event ënnerstëtzt hunn.