Konveniat Joergang 1954

Et ass schonns eng Traditioun datt de Konveniat vum Joergang 1954 mat engem ronne Gebuertsdag vun de Schoulkolleegen -innen mat enger Rezeptioun op der Ettelbrécker Gemeng ufänkt. An der Präsenz vun de Membere vum Schäffe- a Gemengerot gouf do och un déi leider ze vill fréih verstuerwe Komerode geduecht. De Dag ass mat engem exzellenten Iessen an engem schéinen Austausch vun Erënnerungen op en Enn gaang.