Flott Evergreens a bekannt Schlagermelodien mat der Lyra Ettelbréck
Ettelbréck: Zënter 113 Joer besteet de Männerchouer „Chorale Municipale Lyra Ettelbréck“ schon an huet och dest Joer un der schéiner Traditoun festgehaalen, fir de Frënn vum Gesank op en neis e flotten Galaconcert am Centre des Arts Pluriels Ed. Juncker mam Thema „ The Bright Side of Life“ ze presentéieren. Den Erfolleg vun denen zwéin Owender war grouss, esou dat nit manner wi 600 Nolauschterer der Invitatioun nokomm sin, an och vun denen schéinen Lidder richtig begeeschtet waren. Hiren dynamischen Dirigent, Marion Michels, den de Chouer schon iwert 25 Joer mat Kompetenz an Ausdauer leet, hat di meeschte Stécker vum Programm fir all Goût och extra iwerschafft an arrangéiert. Sou muench Evergreens a bekannt Schlagermelodien vun de Joeren 1941 bis 1929 wi: „Heimat deine Sterne“, „petite fleur“, „ganz in weiss“, „Butterfly“, „Marina“, „Après toi“, asw. samt dräi vum Publikum gefuerdeten Zugaben hun zum Oureschmaus vun denen zwou Opféierungen gehéiert a sin och jeweils mat vill Applaus vun engem begeeschterten Publikum honoréiert gin. D’Solisten Henri Beissel, John Düsseldorf, Carlo Grotz, Alain Mauer, Poli Koob, Billy Tessaro, Romain Mersch an Georges Riewer hun hir gesanglicht Talent mat hiren jeweiligen Optrëtter och meeschterhaft zum Ausdrock bruecht. De Claude Huss (Piano), Luc Hoffmann (Banjo, Jazzguittar a Mandolin), Pit Even (Kontrabass& E- Bass) mam Max Duchscher (Perkussioun) hun fir di instrumentalisch Begleedung vun de Sänger och Bäschtens gesuergt. A Senger Laudatio huet de President vun der Lyra, André Nicolay allen Sänger, mat hirem Dirigent Marion Michels zesummen mat dem Instrumenten- Ensemble säin oprichtigen Merci ausgedrëckt fir den perfekten Optrëtt vum Gala 2024 zu Ettelbréck. Natirlich gong och de Merci un all Sponsoren a Symphatisanten wi och dem Publikum fir hir Presenz an Ënnerstëtzung. Bleiwt ze bemierken dat diselwecht Optrëtter vun der Lyra Ettelbréck den 08. Februar an den 09. Februar 2025 um 20 resp. um 17 Auer am Centre Turelbaach zu Mäerzeg schon virprogramméiert sin. Et ass der Wert lauschteren ze kommen. (CR) (Fotoen: Charles Reiser)