Den 20.04.22 konnten d’Studente vum BTS aus dem Lycée Technique d'Ettelbruck duerch d’Naturschutzgebitt Leiffräche wanderen an dobäi déi eemoleg Landschaft vun dem deemolegen Tagebaugebitt bewonneren. Eng grouss Biodiversitéit u Planzen an Déiere konnt festgestallt ginn a souguer Fossilien (hei e Belemnite) hu mer fonnt! Dono goung d’Rees zu Rëmeleng ënnerierdesch weider an de Stollen / d’Galerië vum « Musée des Mines ».