Betsy Dentzer: Eng gutt op d’Ouer…

14
sept.
14 sept.

Eng Erzielstonn mam Betsy Dentzer mat Geschichte vun hei a vun do.

Eng gutt op d’Ouer… ma déi deet net wéi. Am Géigendeel: se wiermt d’Häerz an d’Gedanken, bréngt d’Fantasie an d’Laachmuskelen a Beweegung an deet dech reesen, ouni déng Been ze strapazéieren.

Am Kader vum Ettelbrooklyn Street Fest samschdes, de 14.September 2024 sinn all Kanner vu 5 Joer un häerzlech an der Ettelbrécker Bibliothéik wëllkomm. Loosst iech iwwerraschen, um 14.00 Auer geet et lass.

Den Entrée ass fräi.


Foto © Véronique Kolber