Generéise Geste

D'Klasse vum Cycle 3.2 aus dem Schoulzentrum Ierpeldeng hëllefe Wënsch erfëllen


Viru kuerzem war d'Madame Viviane Soanni, Präsidentin vun der Fondatioun Wonschstär, zesumme mat enger Mataarbéchterin, an de Klasse vum Cycle 3.2 ze Gaascht, fir hir Fondatioun virzestellen an iwwer hir Projeten ze schwätzen.

Am Laf vum leschte Schouljoër hunn déi 2 Klassen ee Buch mam Titel "Unsere Klasse im Glück" entworf (Biller & Text), mat der Ënnerstëtzung vun EducDesign, déi den Drock gesponsort hunn.

Den Erléis aus dem Verkaf vun dëse Bicher, 750€, gouf un d'Fondatioun Wonschstär gespend.