Freideg,den 21.Mäerz 2025 hunn d'Schüler aus dem Enseignement Fondamental vun Ierpeldeng-Sauer sech op de Wee duerch hier Gemeng gemeet fir eng Grouss Botz Aktioun.Dobäi wären se ganz äifreg gewiescht an hu vill Offall gesammelt. Duerno gouf et ee klenge Maufel an eppes ze drénken.
D'Enseignanten hate d'Kanner och motivéiert a Biller zum Thema gesond Ëmwelt gemoolt. 4 Biller si vun der Emweltkommissioun ausgewielt ginn fir op Pannoen an der Gemeng ausgestallt ze ginn. Ee grousse Merci vun der Gemeng un all déi bedeelegt Leit