Fraen a Mammen Gemeng Ell haalen op ! 12 000 Euro Schecken iwerreecht.


Ell: Et war viru kuurzem di läscht Generalversammlung vun de Fraen a Mammen Gemeng Ell, déi no 32 Joer Aktivitéit, bedingt duerch Nowuesproblemer leider hu missen ophaalen. Hir Presidentin Catherine Even huet awer drop gehaalen, fir all denen Memberen , déi an all denen Joeren ganz vill am Veräin, fir d’Kierch an och fir d'Gemeng geleescht hun, hiren oprichtigen Merci auszedrëcken. Si sin awer weiderhin bereet fir an der Par Atertdall Sainte- Claire , matzeschaffen. No denen verschiddenen Berichter, déi unisono vun der Versammlung gutgehaalen goufen, koum et dunn zur eigentlicher Scheckiwerreechung am Gesamtwert vun 12 000 Euro. De Comité hat véier Associatiounen erausgesicht, déi jeweils mat 3 000 Euro ënnerstzëtzt goufen. Merci gesot huet Nathalie Gihr am Numm vun „Lipödem Lëtzebuerg“. Line Jacoby huet sech am Numm vum „Lëtzebuerger Kannerduerf“ bedankt. D’Fondatioun „APEMH“ vertrueden duerch d’Edmée Cathrein war frou iwert d‘Suen fir hir Aktivitéiten können weiderzeféieren. D‘Associatioun „Wonschkutsch“ mam Sylvie Schaul an Helena Miranda hun och merci gesoot fir di finanziell Ënnerstëtzung. Nodeems dat di verschidden Scheckempfänger hirt jeweiligt Aufgabegebit mat hiren Aktivitéiten kuurz virgestallt hun, sin de Buergermeeschter Heng Rasqué souwi och de Pater Jean- Jacques Flammang op di langjährig Aktivitéiten vun de Fraen a Mammen Gemeng Ell agaangen an hun hinnen vir di vill benevol Arbicht an och vir di enorm vill Spenden an all denen Joeren fir de gudden Zweck hire Respekt an och hir Unerkënnung ausgesprach. Mat engem klenge Kado huet d'Presidentin Catherine Even och Merci gesoot kritt. Bei gemittlichem Zesummesin huet di läscht Joeres- Haaptversammlung vum lokalen Fraen-a Mammen Veräin zu Ell hiren würdigen Ofschloss fond. (CR) (Foto Charles Reiser)