Vakanz Doheem - Bewunner vun der Seniorie St Joseph Péiteng

Ënnert dësem Moto si eis Bewunner aus der Seniorie St Joseph Péiteng mat der Betreiungsekipp op Iechternach an d’Vakanz gefuer.

Am Senior Hotel ass iwwernuecht gi an och ganz vill an flott Aktivitéiten sinn och ënnerholl gi.

Jiddwereen konnt richteg gutt genéissen an och ofschalten iwwert déi 3 Deeg.

Leider gi déi schéin Momenter séier eriwwer mee Gott sei dank bleiwen déi flott Erënnerungen.

En groussen Merci geet natierlech un d’Amicale vun der Seniorie déi dës Aktioun ënnerstëtzt huet an och weider wëlles huet ze maachen.