D’Schwëster Danièle Kayser schafft nach ëmmer op der Elfenbeinküst mat Kanner, déi den Ulcère de Buruli hunn. Hir fréier Schülerinnen versichen zanter zéng Joer si an hirer Aarbecht ze ënnerstëtzen. Op hirem leschte Floumaart konnten si d’Schwëster Danièle begréissen. Si verbréngt am Moment hir Vakanz hei zu Lëtzebuerg an huet sech et net huele gelooss, fir dëse Floumaart besichen ze kommen wou si och de ganzen Erléis mat kritt huet. Deen Dag konnt si de Leit, déi um Floumaart waren, perséinlech Merci soe, fir d’Ënnerstëtzung. Si seet awer och all deene ville Leit villmools Merci, déi si, mat dem Kaf vun de Saachen, déi d’ganz Joer vun hire Schülerinnen ugebueden ginn, ënnerstëtzen.
Déi fréier Schülerinne vun der Schwëster Danièle freeë sech, dass esou vill Leit ëmmer nees bei si kafe kommen a soen hinnen villmools Merci.
Dee nächste Floumaart ass den 28. September op der selwechter Plaz „am Duerf“ zu Diddeleng.
Bastelaarbechte fir den Ulcère de Buruli ginn d’ganz Joer bei Arlette Créations verkaf. Do kann een och Informatiounen iwwert den Ulcère de Buruli kréien.