Konveniat vun den Diddelenger vum Joergang 1964

45 Diddelenger, déi am Joer 1964, also viru genee 60 Joer, an der „Forge du Sud“ op d’Welt komm sinn, hu sech viru Kuerzem fir hire Konveniat an hirer Gebuertsstad erëm fonnt. Ugefaangen huet dee flotten Dag mat enger Receptioun an engem Éierewäin op der Diddelenger Gemeng, wou de Buergermeeschter Dan Biancalana d’Leit begréisst huet an e puer Anekdoten aus dem Joer 1964 erzielt huet. Duerno gouf den Owend bei engem gudden Iessen mat Animatioun am Restaurant Gusto Naturale ausklénge gelooss. Hei woar dann och d’Geleenheet, fir d‘Erënnerungen un d’Erliefnisser aus der Jugend zu Diddeleng erëm nei opliewen ze loossen. Bei enger flotter Ambiance gouf de Rendez-vous fir de nächste Konveniat a fënnef Joer festgehalen.

Foto: Copyright@Ville de Dudelange/Michael Dias (standart)