Den traditionelle Rendezvous vun de Floumäert am Déifferdenger Zentrum fir de Schoulufank ass dëst Joer um Sonndeg den 9.September.
Op der Maartplaz, an der Foussgängerzone, beim Pavillon virum Parc, esou wéi an de Stroossen "Avenue de la liberté", "Avenue Charlotte", "Emile Mark", "J.F. Kennedy", "Adolphe Krieps", "Grève Nationale", "Parc Gerlache" wäerten op deene bis elo iwwert 750 Meter lafende Stänn tëschent 9 Auer an 18 Auer wäerten dann nees eng Partie Raritéiten de Proprietäre wiesselen, an déi eng oder aner gutt Affäre wäert zustane kommen.
Um Kiosk sinn Dame vun der Monakitchen fir den Télévie aktiv, an dat mat Wäffelcher, Madeleine an Eisekuche, dat ganzt natierlech mat enger Taass Kaffi.
Zousäzlech Informatiounen an Umeldungen ënnert der Telefonsnummer +352 661 963 417 oder mail hobbydiff@handballredboys.lu oder differdange.videgreniers@gmail.com .
Den Ofschloss vun der Outdoor Saison am Déifferdenger Zentrum ass da fir Sonndes den 14. Oktober 2018 op Walsonndeg programméiert.