Assemblée Générale vum District 163 an Passation des Pouvoirs du Gouverneur

Den 15. Juni 2024 huet de Club Inner Wheel District 163 seng Assemblée Générale an d'Passation des Gouverneurs ofgehalen. D'Evenement, organiséiert vum Inner Wheel Diekirch-Ettelbruck, war am Hotel Parc Belair zu Lëtzebuerg. D'Participanten aus dem ganzen Distrikt goufen häerzlech emfaangen an dono huet d’Assemblée Générale ugefaang. E besonnesch bedeitende Moment war d’Passation du Gouverneur vun der Nicole Bosmans un d'Marie-Christine Bouquieaux-Malchair. Den Dag gouf mat engem musikaleschen Intermezzo, engem Apéro an engem Mëttegiessen ofgeschloss. Et war e flotte Dag am Sënn vun der Inner Wheel Frëndschaft.