Honnertjoerfeier an der Seniorie Ste Zithe Contern

De 4ten November gouf den 100ten Gebuertsdag vun der Madame Eugénie Winandy, nieft enger interner Feier den Dag selwer vum Gebuertsdag den 31/10/2024, offiziell an der Seniorie Ste Zithe Contern geféiert.

Madame Winandy, gebuer den 31. Oktober 1924 zu Lëtzebuerg-Stadt, wunnt zënter August 2020 an der Seniorie, wou si sech beschtens agelieft huet an hire Liewensowend genéisst.

Sie wor dat 4 vu 6 Kanner. Am Laf vun hirem Liewe wor Sie berufflech a privat besonnesch mat Neien an Entwerfe vu Kleeder engagéiert. Hir Fitness huet Sie sech opriicht erhale mat reegelméissege Vitamincouren wou Sie stolz drop ass an och gären hiert Wësse weider vermëttelt.

D’Éieregäscht goufen empfaangen vum Direkter, Sandro Collarini an der Préposée, Nadine Oswald. Nieft Kaddo’e vum Minister Max Hahn, der Buergermeeschtesch Marion Zovilé-Braquet, der Seniorie an der Amicale, krut Madame Winandy och den Ordre de mérite iwwerreecht vum Här Minister.

Uschléissend gouf geféiert bei engem Patt mat Schneekegkeeten.