En aussergewéinleche Concert zu Konsdref
2013 hunn d’Chorale vu Konsdref an d’Chorale vu Bäertref decidéiert, fir zesummen ze prouwen an ze sangen an dat ënnert der Leedung vum Roby Schiltz. Niewend den normale kierchlechen a weltlechen Engagementer am Laf vun de Jaren hu si an dëser Zäit vill flott an ambitiéis Projeten realiséiert a matgestallt. Fir dësen 10. Anniversaire ze feieren huet d’Chorale Berdorf-Consdorf viru kuerzem en aussergewéinleche Concert op d’Bee gestallt mam Haaptophänker, der Kréinungsmass KV 317 vum Mozart. Virun enger quasi bis op déi lescht Plaz gefëllter Konsdrefer Kierch goufen weider Wierker aus der Fieder vum Mozart gesongen wéi de Laudate Dominum, den Ave verum an de Laudamus te aus der C-moll Mass KV 427 fir Alt Solo. Ausserdeem stungen de Psalm 150 vum César Franck an de Cantique de Jean Racine vum Gabriel Fauré um Programm. Begleet gouf de Chouer, ënnerstëtzt vum Ensemble Vocal Ambitus, vum Orchester Estro Armonico ënner der Leedung vum Guy Goethals. Opgewäert gouf de Concert vun de Solisten Evelyn Czesla (Sopran), Manou Walesch (Alt), Marc Dostert (Tenor) an Nico Wouterse (Bass). Op der nei restauréierter Konsdrefer Uergel huet de Jos Majerus säi grousst Kënnen ënner Beweis gestallt. Laangen Applaus a vill Luef nom Concert hunn alle Bedeelegten um Concert vill Freed gemaach.
Ofschléissend huet d’Chorale Berdorf-Consdorf op e Patt an de Centre Kuerzwénkel invitéiert fir en impressionanten Owend gemittlech auskléngen ze loossen.
En zweete Concert am Kader vun 10 Jar Chorale Berdorf-Consdorf ass am Dezember an der Kierch zu Bäertref virgesinn.