1monthfree

Gebuertsdagsfeier am HPPA St.François zu Klierf

Den 21.Januar ass am HPPA St.François zu Klierf den Gebuertsdag vun den Bewunner gefeiert ginn, déi an den Méint Oktober, November an Dezember Gebuertsdag haten. Zesummen mat den Familljen kruten si vun der Direktioun gewënscht. Wärend dem ganzen Owend huet den Dany Huppermans mat senger flotter Danzmusek fir gutt Stëmmung gesuergt an d’ Bewunner an hir Familljen hunn profitéiert, fir deen een oder aneren Tour ze danzen. Follgend Bewunner sinn geéiert ginn:

Mme Stirn-Pütz, Mme Kettmann-Walin, Mme Glod-Schroeder, Mme Reiland-Jacoby, Mme Hansen-Dupont, M.Stouffs, Mme Baumann-Scheer, Mme Schanck, M.Agyapong, M. Scheer, Mme Plein-Dahm, Mme Morn-Renckens, , Mme Schoetter-Reuter, Mme Wenkin-Lommer, Mme Schank-Schlechter, Mme Delleré-Philippe, M.Glod, M.Schroeder, Mme Verscheure, Mme Einsweiler, Sr. Mores.