Et ass scho bal Traditioun ginn, dat den 2ten Weekend am Januar zu Bous eppes méi lass ass. Do luet de Bouser Spektakel op seng Theateropféierungen am Sport- a Kulturzenter an. Och dëst Joer haten erëm vill Leit de Wee op Bous fonnt. Si goufen net enttäuscht an d'Laachmuskele goufe strapazéiert bei "A vendre: Wunneng mat Läich".