1monthfree

Grouss Botz zu Bous-Waldbriedemes

An Zesummenaarbecht mat den Awunner an de lokale Veräiner , huet d’Ëmweltkommissioun vun der Fusiounsgemeng Bous-Waldbriedemes de 15. Mäerz hir traditionell «Grouss Botz» organiséiert. Bei schéinem Fréijoerswieder hunn eng 60 motivéiert Erwuessener a 25 Kanner dee muttwëlleg ewech geheiten Dreck laanscht Landstroossen, Feld- a Bëschweeër ronderëm eis Uertschaften agesammelt. Um Enn sinn esou nees eng etlech Kiloen Dreck zesummekomm. Nom Sënnere vum Dreck (Glas, PMC/Valorlux, Metall a Reschtmüll) op der Plaz, ass de Leit d’Ausmooss eréischt richteg bewosst ginn.

No der Sammelaktioun huet Gemeng all de Leit e gudde Maufel offréiert. A well bio-zertifizéiert, lokal a regionaalt Iessen a Gedrénks ugebuede ginn ass, konnt dës ganz Aktioun fir d’éischt Kéier als GREENEVENT duerchgefouert ginn. D’Gemeng an d’Ëmweltkommissioun soen all de Fräiwëllege villmools Merci fir hiren Engagement.