38. International Konschthandwierker-Deeg an der Buerg
Eng Organisatioun vum Syndicat d’Initiative aus der Gemeng Jonglënster
De Weekend vum 16. a 17. Juni stoung dëst Joer erëm eng Kéier am Zeechen vun de Konschthandwierker-Deeg an der Buerg. Eng Hällewull vu Leit konnte sech déi zwee Deeg vun der Qualitéit, déi hinne gebuede gouf, iwwerzeegen.
D’Verkafsstänn waren vum ënneschten Duerf bis erop op d’Schlass verdeelt. Och am Schlass hat en d’Méiglechkeet d’Wueren vu 25 Aussteller ze bewonneren an ze kafen.
120 Handwierker haten de Wee an d’Buerg fonnt, fir de Leit hiert Handwierk virzestellen. Vun deene waren eng zwielef Aussteller dëst Joer fir d’éischt mat derbäi.
Eis Duerfveräiner hunn eis, wéi all Joer, bei der Ausféierung vun dëser Manifestatioun gehollef, sief et dat se sech em d’ Entrée’s-Keesen gekëmmert hunn, fir dat leiflecht Wuel vun eis all gesuergt hunn oder op de Parkingen aktiv waren.
D’Aussteller an den Organisateur waren mam Resultat vun deenen zwee Deeg zefridden.
Wéi schonn déi Joren virdrun, kann e soen dass de Wee an d’Buerg sech erëm eng Kéier gelount huet.
De Komitee vum Syndicat d’Initiative freet sech op déi nächst Editioun, déi de 15. a 16. Juni 2019 um Programm steet.