Partytime in Boevange /Atert

Lidderowend 2024

„Partytime“


Wéi schonns an de Jore virdrun, huet de Männerchouer Béiwen/Atert och dëst Joer um 19. an 20.Oktober op säin traditionelle Lidderowend agelueden.

De Béiwener Männerchouer huet am Laf vum leschte Joer 8 nei Sänger vum deemolegen Atertdaulchouer opgeholl.

Wéinst där grousser Zuel vun Uméldunge gouf de „Lidderowend“ ënner dem Motto „Partytime“ gläich zwee Mol gebueden: Samdesowes a Sonndesnomëttes.

De President Claude Mathekowitsch, deen duerch de Programm gefouert huet, konnt iwwer 350 Leit aus der Gemeng an Emgéigend begréissen, ënner hinnen de Buergermeeschter an d`Schäffen, sowéi Frënn aus anere Choralen.

Ënner der formidabler Direktioun vum Marguerite Thomé-Schmit, begleet um Piano vum Christiane Parries-Schiltz an op der Batterie vum Benoît Schmeler, huet de Béiwener Männerchouer de Publikum am éischten Deel esou richteg a Stëmmung bruecht. Dat si net nëmmer gutt Sänger sinn, mais och schauspillerisch Talenter hunn, gouf ufanks vum zweeten Deel bewisen: Verkleed als „alte Säcke“ hunn si d`Leit gläich begeeschtert, och duerno gouf d`Stëmmung héich gehalen an dat groussaartegt Publikum mat drei Zugaben belount.

Zum Schluss huet de President Claude Mathekowitsch dem Publikum fir déi flott Ambiance, alle Bedeelegte fir hiren Asatz a besonnesch dem Club des Jeunes fir hir wäertvoll Hëllef ee ganz grousse Merci gesot.