Am Kontext vum „Dag vum Bam“ an op Initiativ vun der Ëmweltkommissioun aus der Gemeng Biwer hunn d'Kanner aus dem Cycle 3.1 an Zesummenaarbecht, mat dem Gaart an Heem Biwer a Wecker an der Ënnerstëtzung vum Feeschter Timo Mann a sengem Team zu Wecker, am Bongert vum Martine a Luc Birkel, verschidden Uebstbeem geplanzt.
D'Kanner kruten d’Wichtegkeet vun dëser Aktioun erkläert. Firwat Uebstbeem op der Gewan wichteg fir Déierewelt, Biodiversitéit, d‘Landschaftsbild an de Mënsch sinn.
Insgesamt goufen 18 Äppel a Bierebeem geplanzt.
Zum Ofschloss gouf et nach eng Stäerkung ier et rëm zréck an d‘Schoul goung.