1monthfree

Konveniat vun den Ackerbauschüler Promotioun 1960 bis 1962

Konveniat vun den Akerbauschüler Promotioun 1960 bis 1962

Rouscht: Op hirt d’Klassentreffen haaten den Lou Horsmans mam Edouard Thein di fréier Ackerbauschüler vun de Klassen 1960 bis 1962 mat hirer Partnerin fir Samsdes, den 22. Mäerz invitéiert. De Rendez- Vous war Moies am Vitarium bei der Luxlait um Rouscht fir zesummen de „petit déjeuner“ ze genéissen. Duerno stong eng interessant Visite vun den Installatiounen vun den Produktiounsanlagen vun der Luxlait um Programm. Nom Apéritif huet sech di symphatisch Gesellschaft am Restaurant „Bistro Molkerei“ um éischte Stack un den Mëttesdësch gesaat an hun sech de gudde Menü och bäschtens schmaache gelooss. A gudder Ambiance sin aal Frëndschaften an esou muench Anekdot aus dem aktiven- a passiven Berufsliewen nees nei opgefrëscht gin. Beim Abschied war Eenegkeet esou engt Klassentreffen an nächster Zäit nees ze organiséieren. (CR) (Foto: Charles Reiser)