De SIDEN huet seng 30 Joer Bestoen am Déngscht vun der Ëmwelt geféiert.

An engem convivialle Kader hunn déi Responsabel vum Ofwaassersyndikat SIDEN de 5. Juli 2024 hiert 30 järegt Bestoen op der Bleesbréck geféiert.

De President Fernand Mergen huet a senger Usproch den Asaz vum Personal ervirgestrach. Aktuell sinn 156 Leit am SIDEN beschäftegt fir ronn 400 Bauwierker op 1100 km2 ze ënnerhalen. Hien ass awer och op déi zukünfteg Erausfuerderungen an Ofwaasserberäich agaang an huet nach emol de Besoin vun enger nationaler Präispolitik am Domaine ënnerstrach. Hien huet och ënnerstrach dat déi aktuell Gesetzgebung net méi fir déi sougenannten „Industriesyndikater“ adaptéiert ass an dringend muss ugepasst ginn.

Den Direkter Roland Schaack huet een Abléck an den Alldag vum Ofwaassersyndikat ginn an duergestallt wat hannert de Wuesstemszuele stécht. Hien huet och den Impakt vun de Polykrisen op den Ofwaassersecteur duergestallt an d’Erausfuerderunge vu KI a Cybersécherheet am Ofwaasserberäich ervirgehuewen.

E flotte Film huet een interessanten Abléck ginn op de Wuesstem vum Syndicat iwwert di lescht 10 Joer.

Den Inneminister Léon Gloden esou wéi den Ëmweltminister Serge Wilmes hunn dem SIDEN fir seng 30 Joer felicitéiert an op déi zukünfteg Erausfuerderungen op nationalem an internationalem Niveau higewisen. Alle béid hunn d’Wichtegkeet vun enger gudder an efficacer Ofwaasserrengegung ervirgestrach.