"Wellkom ob der 25ter Editioun vum Christmas Gym (Youth) Cup." Esou huet et de Weekend an der Sportshal beim internationale Match vum Le Réveil Beetebuerg geklongen. 250 Turnerinnen an Turner aus acht verschiddene Länner sinn un de Start gaangen sinn.
Den Highlight aus Organisatorsicht war dem Valentina Marochi seng Leeschtung. Déi jonk Turnerin vum Le Réveil Beetebuerg konnt sech no engem spannenden Match doheem zu Betebuerg fir d‘Junioren Weltmeechterschaft 2025 op de Philippinen qualifizéieren.
Mam Valentina Marochi, Yulia Kopszynski, Debora Tria, Hanna de Oliveira Scholtes a Yan Kies hunn e puer jonk Turner vum Veräin eng Medaile mat heem geholl.Zudeem gouf de Christmas Cup esou wuel bei de Meedercher Samschdes, wéi och bei de Jonge Sonndes vun der FLGym gewonnen, wat déi gutt Leeschtunge vun allen Lëtzebuerger Turner ënnersträicht.
De Veräin seet och all deenen engagéierte Leit déi aktiv mat ugepak hunn e grousse Merci. Organisatioun, Catering, Logistik, Sekretärinnen, Ziedelskanner oder Bus fueren : De Benevolat zu Beetebuerg lieft!