Dëst Joer feieren d’Beetebuerger Guiden a Scouten 100 JoerBestoen. Als Erënnerung un dësen Anniversaire ass den 9. November 2019 um Dag vum Bam e Bam am Parc Grande-Duchesse Charlotte geplanzt ginn.
No der Planzaktioun huet de Schäfferot vun der Gemeng op e Patt invitéiert.