D'Direktioun, d'Personal an d'Bewunner zesumme mat der Amicale vun der Residenz an de wisen invitéieren Iech op hiren traditionnelle Chrëschtbasar. Dëse Basar fënnt de 7. Dezember ab 11h00 an der Residenz zu Beetebuerg statt.
Hei erwaarden Iech vill flott Verkafsstänn, eng Schampesbar, musikalesch Animatioun, eng gemittlech Ambiance an eng flott Tombola organiséiert vun eiser Amicale. Natierlech ass och fir dat Kulinarescht beschtens gesuergt an eisen 2 Chalete vrun der Entrée, hei kritt Dir Lënsenzopp, Kniddelen, Gromperekichelcher a selwergemachte Glühwäin. Am Nomëtteg ginn et lecker Gaufres liegeoises a Kaffi. Kommt bis luussen a verbréngt ee flotten Dag bei eis.