Théa Peschon- Colbach zum 85. Gebuertsdag gratuléiert


Préizerdaul: Mat enger schéiner Corbeille, gefëllt mat wonnerbaren Orchideen war de Buergermeeschter Marc Gergen mat sengen Schëffen Fernand Muller an Marc Rehlinger, bei d’Théa Peschon- Colbach op Bieberich komm, fir der Jubilarin zum 85. Gebuertsdag am Numm vun der Gemeng Préizerdaul häerzlich ze gratuléieren. Théa Colbach koum als dat zweetjëngst vu 5 Kanner den 21. August 1939 zu Hiefenech op d’Welt. Seng Elteren waren den Théo Colbach an d’Catherine Hilger. D’Hochzäit mam Ferd Peschon war den 1. Juni 1963. Zesummen hun si den Bauerebetrib bis zu hirer wuelverdingter Pensioun zu Bieberich gefouert. Hir zwee Kanner, de Georges an d’Christiane niewt den 3 Enkel- an 4 Urenkelkanner gehéieren haut zum Stolz vun der Famill Peschon- Colbach. Dem Théa seng Fraizäit ass haut och nach gut gefëllt als leidenschaftlich Molerin, der Arbicht Doheem am Stoot an als aktive Mëmber vun der Amicale vun drëtten Alter Préizerdaul. Zesummen mat der Famill ass d’Glas erhuewe gin, an op weider gesond an zefridden Joeren geprost gin. (CR) (Foto: Charles Reiser)