Autoseenung zu Éieren vun Notre Dame de la Route am Préizerdaul

E Samsden, den 29. Juni, um Virowend vum Fest, Notre Dame de la Route. ass di schéin Traditioun vun der Autoseenung am Préizerdaul, och dest Joer weider gefouert gin. No der Feierlicher Owesmass, gesongen vum Gesang Ensemb mam Françis Glesener op der Uergel, sin Gefierer nieft der Kierch vum Abbé Vincent Billot, verbonnen mam Wonsch op eng gut Fahrt a sëchert Verhaalen am Stroosseverkéier, geseent gin. (Fotoen: Francine Reiser)