De leschten "Tambower Jong" ass gestuerwen



De leschten „Tambower Jong“ ass gestuerwen

Generalversammlung vun der „Amicale des Anciens de Tambow“ am Zeeche vun der Trauer

Lëtzebuerg. Virun 80 Joer, genee de 25. August 1943, sinn déi fënnef éischt Lëtzebuerger Jongen, déi vun den Nazien an d’Wehrmacht zwangsrekrutéiert gi waren an entweder vun der Rouder Arméi gefaange goufen oder iwwergelaf waren, an dat sowjetescht Krichsgefaangenelager 188 an der Ëmgéigend vun Tambow ageliwwert ginn. Et waren dat de Josy Bailleux, den Nicolas Bidinger, den Ed Koepfler, de Jempi Schonckert an de Jos Steichen. 1944/45 waren niewent de méi wéi 1.000 Lëtzebuerger an dësem Lager Italiéiner, Japaner a Fransousen agespaart. Och Däitscher an Éisträicher si schliesslech do internéiert ginn. Eng 167 Lëtzebuerger sollten déi onmënschlech Haft- an Aarbechtsconditiounen net iwwerliewen a sinn zu Tambow a Kirsanow gestuerwen‚ 48 op der Heemrees oder kuerz duerno. Déi zwangsrekrutéiert Lëtzebuerger Prisonnéier vun Tambow goufen den 29. September 1945, also laang no der däitscher Kapitulatioun, rapatriéiert a koumen de 5. November datselwecht Joer mam grousse Convoi zu Lëtzebuerg un.

Den 8. November 1958 hunn déi Iwwerliewend vun Tambow sech mat hire Familljen an enger Amicale zesummegeschloss, wou elo schons an der zweeter an drëtter Generatioun d’Solidaritéit an d’Frëndschaft nach ëmmer grouss geschriwwe gëtt.

Allerdéngs stoung d’Generalversammlung vun dësem Joer am Alvisse Parc Hotel zu Dummeldeng ënnert engem Zeeche vu besonnescher Trauer, well de Vizepresident a Fändelsdréier Vic Steichen a sengen Ausféierungen huet missten ukënnegen, datt et elo an der Amicale keen iwwerliewende Lëtzebuerger vun Tambow méi gëtt. De Marcel Nilles vu Rodange, dee jorelaang Caissereviseur vun der Amicale war a landbekannt als Matgrënner an dreiwend Kraaft vum „SOS Lëtzebuerger Kannerduerf“ zu Miersch an duerno vum „SOS-Interfonds“ (spéider: „SOS Villages d’Enfants du Monde“) gouf, ass de 16. Oktober 2023 am Alter vun 98 Joer als allerleschten „Tambower Jong“ gestuerwen. Virun him war den Erny Sunnen vu Leideleng de 16. November 2022 am Alter vun 99 Joer als zweetleschten Zäitzeien fir ëmmer entschlof.

Souwuel de moralesche Bericht vum President Paul Scholer, deen un d’Proklamatioun vun der Zwangsrekrutéierung den 30. August 1942 duerch de Gauleiter Gustav Simon erënnert an onbedéngt Asaz fir d’Verdeedegung vun der Erënnerung un d’Affer vum Zweete Weltkrich gefuerdert huet, grad ewéi den Aktivitéitsbericht vum Sekretär Léon Weis, deen op déi ënnerbrache Kontakter mat Russland duerch de Krich an der Ukrain higewisen huet, wéi och de Finanzrapport vun der Caissière Alexandra Giannini goufe per Akklamatioun ugeholl.

E grousse Succès, virun allem och bei der Jugend, kennt déi vum Vic Steichen betreite grouss Ausstellung iwwert d’Schicksal vun de Lëtzebuerger zu Tambow grad esou wéi d’Rous mam Numm „Tambower Jongen“.

No der Wahl vum Comité setzt dëse Gremium sech fir déi nächsten dräi Joer esou zesummen: Julie-Suzanne Bausch, Alexandra Giannini, François Jacques, Carlo Jones, Renée Lucas, Paul Scholer, Vic Steichen, Marie-Anne Thommes, Léon Weis, Danielle Wenzel an als neie Member de Paul Marcy. Déi eenzel Charge ginn am Comité selwer verdeelt. Caissereviseure sinn d’Chantal Gansen an de Robert Steichen.

De François Jacques huet als Jurist zwou Statutenännerungen virgestallt. Well de néidige Presenz-Quorum net erreecht war, mussen déi awer nach vun enger zweeter ausseruerdentlecher Generalversammlung genehmegt ginn.

No engem Message vun der Madame Marlène Dietrich, Presidentin vum „Pélerinage Tambow“-d’ Elsässer an d’Louthrénger haten datselwecht Schicksal wéi déi Lëtzebuerger Zwangsrekrutéierten erlidden-huet de Josy Lorent, President a.i. vun der „Fédération des Enrôlés de Force, Victimes du Nazisme“ a Vizepresident vum „Comité pour la mémoire de la Deuxième Guerre mondiale“, engersäits déi gutt Zesummenaarbecht mat der Amicale vun den Tambower ervirgestrach. Anerersäits huet hien en Abléck an d’Aarbecht vun deem 2016 duerch e Gesetz geschafenen nationale Gedenkcomité ginn, dee sech paritéitesch aus Vertrieder vun den dräi groussen Affergruppen (Resistenz, Zwangsrekrutéierten a Shoah) zesummesetzt.

Matgedeelt vun der « Amicale des Anciens de Tambow »