Generalversammlung 2025 vun de Fraen a Mammen Berdorf
Den 26. März konnten d'Fraën a Mammen vu Berdorf op hirer Generalversammlung Schecken am Wert vun 25.670€ iwwerreechen. Dëst war zum gréissten Deel den Erléis vum Haupeschfest 2024, D'Suën goufen gespend un: Télévie, Stëmm vun der Strooss, Stroossenengelen, Ile au clowns, Femmes en détresse an Initiative Liewensufank. Déi Verantwortlech vun dene verschiddenen Organisatiounen hu Merci gesot an dovu profitéiert hir Projet'en virzestellen, an ze erklären wéi d'Suën verwend gin. 4 Memberen hun sech gemellt fir dem Comité beizetrieden. Dëst as e wichtege Schratt fir de Fortbestand vum Veräin ze garantéieren. Si goufen härzlech wëllkom geheescht. D'Sekretärin Christine Kaps huet den Aktivitéitsbericht virgedroën an d'Caissière Marie-France Siebenaler de Keessebericht. D'Presidentin Linda Hartmann huet der Gemeng, de Sponsoren, de Memberen an de Frënn en härzleche Merci gesot fir déi wertvoll Ennerstëtzung, an huet sech gewënscht dat dat an Zukunft esou bleiwt. De Buergermeeschter Joé Nilles huet d'Wuert ergraff an de Fraen a Mammen fir déi gudd Aarbecht felicitéiert. De Comité setzt sech aus 16 Memberen zesummen: Presidentin Linda Hartmann, Vizepresidentin Christiane Anen, Sekretärin Christine Kaps, Caissière Marie-France Siebenaler, Mireille Birkel, Myriam Coner- Figgle, Elisabete Dias, Germaine Greischer, Alma Karic, Martine Konsbrück, Yvonne Lima, Anne Muller, Petz Neumann, Mariette Rassel, Yvonne Pistola an Sandra Schneider.
8