An de Jaren 1962-1965 hu mir d’Schoulbänk vun der deemoleger Aackerbauschoul zu Ettelbréck (EAE) gedréckt an deemno war et fir déi meescht de 60. Anniversaire vum Ofschloss vun hierer berufflecher Formatioun. Organiséiert war den dësjärege Conveniat vun de Kollegen Anatole May an Edy Reisdorf. Um Programm stungen eng flott Visite vun der Kéiserei Schmalen zu Bäertrëff an eng thematesch Besichtigung vum Bäertrëffer Aquatower. Do ass awer net nëmme Waasser zervéiert ginn. Nom Apéro um Waassertuerm war et en excellent Mëttegeessen am Hotel/Restaurant Brimer um Grondhaff, wou wéi gewinnt, Erënnerungen opgefrëscht an d’Aktualitéit äerdeg diskutéiert ginn ass. Dat nächst Jar soll de Conveniat am Réidener Kanton sinn.