E grousse Flapp fir d‘Fondatioun Kriibskrank Kanner
Leschte Sonndeg virum Match géint US Feulen huet den FC Berdenia Berbourg der Fondatioun Kriibskrank Kanner e Scheck an Héicht vun 3.600 EUR iwwerreecht.
Mat eisem Don ënnerstëtze mir Projet'en fir d'Hëllef an d'Ënnerstëtzung vun de Kanner an hiere Famillen. Aktuell betreit d'Fondatioun 180 Famillen. Ronn 6000 Kanner stierwen all Joer an Europa un dëser Krankheet. 2/3 vun de Kanner leiden u Folgeschied vun der Behandlung, ënner aanerem well et an Europa keng adequat Medikamenter fir Kanner ginn. D'Fondatioun gëtt greisstendeels vu privaten Don'en finanzéiert a respektéiert d'Ufuerderungen vun "Don en confiance Luxembourg".
Den FC Berdenia ass houfreg fir säi Bäitrag dozou ze leeschten an d'Fondatioun Kriibskrank Kanner an hiere Missiounen ze ënnerstëtzen. D'Suen, déi mir gespend hunn, kommen vun de Gewënnerfelder vun eisem Koubingo "Berbuerger Duerfbeschass" vun Enn leschter Saison. Effektiv hat d'Kou hiere Flapp op e Feld gemaach waat kee reservéiert hat. Och eng Reih Nopeschfelder waren net besat, sou dass verschidde Päissgelder net konnten ausbezuelt ginn. De Veräin hat sech direkt décidéiert fir dëse Montant opzeronnen a fir de gudden Zweck ze spenden.
Mir invitéieren iech alleguer op dëser Plaz, fir och en Don an dëser Saach ze maachen an doduerch d'Situatioun vun de betraffene Kanner ze verbesseren. Weider Informatiounen ginn et op www.fondatioun.lu