1monthfree

Cousin vum Darren Fletcher (ManU) beim FC Avenir

D’Wiichtelcher wäerte sech fir d’Réckronn mam Mëttelfeldspiller Damian Gielty verstäerken. Hien ass en Allrounder, deen a senger schottescher Heemecht kuerz virum Sprong an de Profifussball war, éier hie sech awer anescht entscheet hat an dunn schlussendlech duerch seng Aarbecht op Lëtzebuerg komm ass. De 26 Joer alen Gielty huet bis Enn leschter Saison beim Newtongrange Star FC gespillt a kënnt aus enger sportlecher Famill, hien ass nämlech de Cousin vu kengem Manneren wéi ëm Darren Fletcher Spiller bei Manchester United. Kee geréngen Undeel un der Verpflichtung vum Schott hunn och d'Beggener Supporter aus der englëschsproocheger Communautéit hei zu Lëtzebuerg, well dee Kontakt zum ‚Damo’, wéi hie genannt gëtt, duerch si iwwerhaapt zustane komm ass! Den Damian trainéiert schon säit Oktober beim Avenir Beggen.

De Verantwortleche vum Club ass et dann och gelong, eisen Topstiermer aus der Saison 2007/08 fir sechs Méint zréck an d’Dunant-Strooss ze huelen: den Aderito Vaz Dos Reis gëtt bis Enn der Saison vun Hamm op Beggen ausgeléint. De kapverdianësche Spiller huet sénger Zäit zu Beggen de groussen Duerchbroch gepackt an huet sech a sénger éischter an eenzeger Saison fir d’Wiichtelcher matt 14 Goaler an d’Statistiken ageschriwwen. No verletzungsbdéngte Réckschléi no séngem Wiessel op Hamm ass hien elo erëm fit, gouf awer vu séngem Trainer Alvaro Cruz nët méi berücksichtegt. Den Aderito krut Ugangs Januar 31 Joer.

[ Source: www.wichtelweb.net ]