Den 19. Oktober huet d'Gemeng Biekerech hire ganz neie Musée ageweit: den Energiemusée. D'ASBL Kulturmillen huet d'Planung an d'Realisatioun vum Projet an Zesummenaarbecht mat der Gemeng iwwerholl.
A Präsenz vu ville Gäscht – dorënner de Kulturminister an delegéierte Minister fir den Tourismus, Eric Thill, an de Buergermeeschter vu Biekerech, Thierry Lagoda – goufen d'Dieren vum Energiemusée opgemaach, an déi invitéiert Leit konnten d'Aarbechten entdecken, déi realiséiert gi sinn.
Virdrun "Musée des anciens métiers" genannt, ass den Energiemusée geduecht als Spigel vun der Geschicht vun den Energien an der Gemeng Biekerech. Modern an interaktiv kann en entweder a Gruppe besicht ginn oder individuell.