Feierowendsänger am Bartrenger Flegeheem

Fir den 4. Advent schéin ze feieren a fir op Krëschtdag virzeberéden hat d'Amicale vum Fleegeheem "Les Parcs du 3e Âge" d'Feierowendsänger engagéiert. Ennert hirem Dirigent, dem Här Ronny Mergen, huet den wonnerbaren Fraenchouer aal bekannten Advents- a Krëschtlidder virgedroen. Zweschenduerch woussten Sie eis awer och mat ganz neien Krëschtkompositiounen ze begeeschteren. Um Keyboard gouf den Chouer vun der Madame Marie-Jeanne Hengesch begleet. Dësen wonnerschéinen Nomëtteg huet leider vill ze séier en Enn fond an den Applaus vun den Awunner a Patienten war rieseg. No hirem Optrëtt huet d'Amicale op en klengen Patt invitéiert an den Feierowendsänger(innen) d'Verspriechen ofgeholl och
dat d'nächst Joer erëm op Bartreng ze kommen.