1monthfree

29. Generalversammlung bei Art et Création, Mondorf-les-Bains

Am Atelier zu Elleng konnt de Kënschtlerverain Art et Création hier 29. Generalversammlung ofhaalen.
Presidentin Liliane Hein war frou d‘ Memberen an Eiregaescht vun der Gemeng begréissen ze kënnen.
Ennert aaneren huet si e Molcours vun derEistraichericher Kënschtlerin Isolde Angerer ugekënnigt.
Merci gesoot krutt de Jean-Schmitz, well hien mat grousser Kompetenz all Mount een Aquarellscours fir Memberen vum Verain hellt.
Sekretärin Christine Raguet huet de Joeresbericht vun 2024 gemaat. De Salon Art et Création am Oktober war ganz gutt besicht. De Buergermeeschter Steve Reckel huet ob dem Salon dem Jean-Claude Schmitz de Prix de la Commune iwerreecht. De Prix du Public war fir Nadia Schmitz.
Nodems Janine Bintner de Keessebericht gemaat huet an de Buergermeeschter epuer léif Wieder unn Versammlung geriicht huet , ass den Owend mat Kéis an engem Gudden Paettchen zu Enn gangen