Och dëst Joer huet d’Amicale des Anciens SPUERKEESS hir Memberen erëm op hir grouss Journée des Anciens invitéiert.
Den 26. Oktober waren 123 Leit an de Restaurant Hesper Park komm, wou si vum Chef Bruno Gosset a senger Equipe kulinaresch verwinnt goufen.
No enger Gedenkminutt fir déi verstuerwe Membere vum leschte Joer huet de President Fränz Pauly a senger Usprooch der Direktioun vun der SPUERKEESS e grousse Merci gesot fir hir logistesch, finanziell a moralesch Ënnerstëtzung vun der Amicale. Hien huet sech och bei de Comitésmembere bedankt fir hir vill Aarbecht, déi si am Laf vum Joer geleescht hunn, fir déi 14 verschidden Aktivitéiten ze organiséieren. Besonnesch huet hien dem Rudi Belli Merci gesot, deen 15 Joer laang de Vertrieder vum Direktiounscomité vun der SPUERKEESS bei der Amicale war. Hien gëtt dës Fonctioun elo un d‘Myriam Baltes virun, dat sech och ganz erfreet gewisen huet fir dës Missioun ze iwwerhuelen.
No dëser Usprooch goufen, wéi op all Journée, d’Jubilare vun 75, 80 an iwwer 80 Joer geéiert. Hinne goufen Coffreten mat guddem lëtzebuergeschem Wäin iwwerreecht.
Fir 75 Joer waren dat: ALESCH Pierre, EICHER Georges, WAGNER Marie-Paule, GROFF Georges, JUNGERS Paul, OLINGER-LEMMER Milly, RUFINI Nico, SCHELLER-LEHNEN Colette
Fir 80 Joer: BEICHT Pitt, KARPEN-WELTER Marianne, PROMMENSCHENKEL-POORTERS Marie-Anne, REDING-MULLER Liliane, SCHLEICH Laure, SCHMITZ Jeannot
Fir 85 Joer: SCHROEDER Armand
fir 88 Joer : EICKMANN Willy
a fir 90 Joer: LANGUE Michel, deen och deen eelste Member op dëser Journée war.
An enger Foto- a Videoshow, déi am Hannergrond gelaf ass, si flott Erënnerungen un d’Aktivitéite vun dësem Joer gewise ginn.
Et war , wéi bei all Aktivitéit vun der Amicale, eng super Ambiance déi bis an de spéiden Nomëtteg ugehalen huet.