Schlemmerfahrt um Passagéierscheff Marie Astrid

De President vum Syndicat d’Initiative et de Tourisme vun der Gemeen Wormer Henri Hengel hatt viru Kuerzem Gewënner vum Blummeconcours 2023 op Passagéierschëff Marie Astrid invitéiert. All Joer kennen Awunner aus der Gemeen Wormer sech um Blummeconcours bedeelegen. Haiser a Virgäert gi vun enger onofhängeger Jury beurteelt an Gewënner kréien hire Präis, eng Schlemmerfahrt op der Marie Astrid, an der Generalversammlung. Et ass just schued, dass verschidden Haiser priméiert ginn, awer hire Präis net ewechhuelen. Dëst Joer woaren trotzdeem vill Leit enneranerem de Schëffe vun der Gemeen Wormer Claude Pundel a Gemengeconseilleren Pierre Adam a Judith Hippert der Aluedung op Schëff gefollegt an hunn e flotten Dag bei guddem Iessen an Drënken verbruecht. De President Henri Hengel huet de Gewënner e grousse Merci ausgeschwat, dass si sech mat um Blummeconcours bedeelegen an hir Haiser mat schéine Blummen dekoréieren an se opgefuerdert esou weider ze maachen. Der Gemeen vu Wormer e grousse Merci, fir déi schéi Blummen an de verschiddenen Dierfer vun der Gemeen, wat vill Aarbecht an Usproch heelt.