Gebuertstagsfeier an der Geenzebléi zu Wooltz


Am Juli guffen 34 Bewunner aus der Geenzebléi vun der Amicale geéiert déi am Abrëll, Mee an Juni Gebuertsdag haten. Bei der Begréissung hott de President Jing Huet am Numm vun der Amicale den Gebuertsdagsleit gratuléiert an hinnen all fir Zukunft nach lang eng gutt Gesondheet gewënscht, datt si nach vill Fester mat der Amicale kënne zesummen féieren. Direktioun vun Servior war vertrueden durch Madame Plawny Evelyne an den Här David Waxweiler. Gemeng war wéi ëmmer gutt bei sou enger Feier vertrueden durch Madame Buergermeeschtesch Carole Weigel an d‘Schäffin Madame Kauffmann Chantal an den Schäffen Cosic Amel. Madame Carole Weigel hott am Numm vun der Gemeng allen Geéierten gratuléiert an hinnen och fir Zukunft all Guddes gewënscht an datt si selbsverständlich gären op sou enger Feier derbei wieren. Dono hott den Orchester Jos Schartz den Happy Birtday gespillt wou alles matgesong hott. Bei engem gudde Patt an engem Steck Gebuertsdagskuch guff gedanzt an gesong. Vun der Amicale gouf et wéi ëmmer een Kaddo fir all déi 34 Geéiert an Gemeng hott een Kaddo iwwerreecht fir déi Bewunner déi een ronne Gebuertsdag haten.

Et guffen geéiert : Kremer Raymond 61, Weber Annette 67, Weydert Sonja 67, Defay-Roth Macelle 77, Paolini Claudio 77, Lallemand Norbert 79, Schneider-Grettnich Marie-Josée 81, Reding-Rauen Lydie 82, Weinand Marguerite 82, Huberty-Kneip Léonie 84, Schroeder Roger 84, Gremling-Turmes Marie-Thérèse 84, Molitor-Jacques Micheline 85, Graas -Reuter Erna 85, Scholer-Baulisch Elise 85, Siebenaler Pierre 85, Schmitz-Goedert Josette 85, Martin-Peiffer Emilie 85, Guignet-Delcourt Claire 87, Schmit René 88, Malané-Leclerq Yvette 88, Turpel Edmond 88, Gira- Majerus Anne 89, Sinner-Rasquin Irène 89, Maack- Roderich Elly 90, Schank-Karels Elise 90, Mischo-Guelf Henriette 90, Thines-Goeres Marie-Thérèse 90, Kolbach Marie-Sophie 93, Wolter-Mergen Marie Marguerite 93, Schickes-Pleger Martha 93, Linders Franciscus 94, Kauth-Lallemand Elise 94, Linden Victorine 96.