Scheckiwwerreechung

Den Erléis vum Antoniusfest gouf iwwerreecht


Bënzelt. All Joer am Januar organiséieren den Gaart an Heem Holler, Bënzelt, Bréidelt, d’Sänger van der Héid Holler, Bënzelt, Bréidelt an d’Jeunesse B-H-B engt Antoniusfest. Déi 3 Veräiner deelen sëch den Erléis.

D’Sänger van der Héid hun anlässlich hirer Generalversammlung e Scheck vun 2.500 Euro un den Här Marc Rob Vize-President vun der Air Rescue iwerreecht. Mat dësem Don wollten Sie d‘Air Rescue, no dem Feier waat am Mäerz baal dat ganzt medizinischt Material zerstéiert huet, hëllefen.

No engem gudden Mëttigiessen am Restaurant „L’Ecuelle“ zu Wilwerdang waren d’Sänger nach puer gemittlecher Stonnen beieneen.

Francine Johanns