Weimeschkiercher Gesang féiert Cäciliendag

De leschte Sonndeg huet de Weimeschkiercher Kierchegesang d'Fest vun der Helleger Cäcilia geféiert. Dëse Festdag huet mat enger feierlecher Mass fir déi liewend a verstuerwe Membere vum Veräin ugefaang. D'Mass gouf vum Dechen Albert Backes an dem Pater Gaston Wiltgen zelebréiert. De Chouer huet ënnert der Direktioun vum Aloyse Colombo, an op der Uergel begleet vum Fernand Aust, d'Eucharistie mat hire véierstëmmege Lidder verschéinert. Zum Schluss vun der helleger Mass huet den Dechen Albert Backes der Madame Maria Scholtes fir 10 Joer aktive Member eng Bronze Medail, der Madame Rose Kollwelter fir 30 Joer aktive Member eng gëlle Medail, an dem Här Jos Zenner fir 40 Joer aktive Member eng gëlle Medail mat Palmetten iwwerreecht.

Uschléissend goufen d'Feierlechkeete mat engem Festbanquet am Restaurant "Weidendall" zu Koplescht weider. No engem herrleche Menu kruten den Dirigent Aloyse Colombo, den Organist Fernand Aust an de President Claude Bourmer e praktesche Cadeau als Merci fir hiren onermiddlechen Asaz am Verein iwwerreecht. Mat villen Emotioune krut dunn den Här Jos Zenner eng gëllen Auer geschenkt.

More news by Chorale Sainte Cécile Weimerskirch >