Hämmelsmarsch zu Walfer

Desse WE huet Walfer Musek den Hämmelsmarsch duerch Stroossen vun Walfer gespillt.

Den Hämmelsmarsch ass e lëtzebuergesche Brauch fir d'Kiermes anzelauden. Haut sinn d'Hämmelen aus dëse Cortègë esou gutt ewéi verschwonn.
Den Text vum Michel Lentz 1.Stroph:
T as Kiirmesdag an eng Gei jéngt muerges an der Gaass,
T jäitzt eng Clarnett an 't brommt eng schaddreg Baass,
An d'Hämmel gin derbei mat Bänn a Flettschen un,
Blénkeg zënne Plettlen an der Rei sin hannendrun,
Sin hannendrun;
An d'Kanner loossen hire Kaffi ston
Fir deene schéinen Hämmel nozegon
Wou d'Musek as, déi spillt sou lëschteg d'Gaassen an,
Fir bei all grouss Hären an der Stad hir Ronn ze man,
Hir Ronn ze man.

Weder d'Sonn nach den Reen konnt Walfer Musikanten dorunner hënneren duerch Stroossen ze zéien an hunn domatten vill Kanner glécklech gemaacht. Et sinn dräi haarder Deeg fir Musikanten, déi mat vill gudder Laune an enger grousser Kollegialitéit des Deeg zu engem gudden Souvenir gemaacht hunn.

Walfer Musek Sicht nach e ganze Koup Musikanten fir all Regëster, a besonnesch am Bass, Euphonium, Trombone a Cor. Méi Informatiounen iwwert Walfer Musek fannt der ënnert:
www.walfer-musek.lu