Chefdag vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten zu Walfer - Billergalerie

Nom Kongress e leschte Mëttwoch wor et haut um traditionelle Chefdag vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten. Op dësem Dag treffen sech ëm déi 600 Chef vun den LGS fir offiziell hiert Joer unzefänken. Dëst Joer huet de Grupp Mahatma Gandhi vu Walfer an a ronderëm de Centre Prince Henri agelueden. Hei goufen op diverse Stänn vill flott Tipps an Tricks presentéiert. Ënnert anerem gouf och de nationalen Avexcamp 2014 virgestallt, deen nächst Joer ënnert dem Thema Piraten zu Leideleng wäert stattfannen. No der Mass am Zelt ass et dunn op de Kascht gaangen deen ee bei deem gudde Wieder heibaussen konnt genéissen. Am Nomëtten wor dunn nach e Recordversuch ënnert de Leedung vum Georges Christen, wou LGS probéiert hunn e Bus iwwer eng bestëmmten Distanz ze zéien. Ech wënschen all de Chef e schéint Guiden a Scoutsjoer 2013/2014.