Di Réidener Juegdbléiser hun d'Hubertusmass verschéinert
to see more pictures.
Wal: Zënter 2001 ass et di schéin Traditioun vun de Réidener Juegdbléiser, vir d’Haupeschmass all Joer an engem aaneren Eck vum Réidener Kanton ofzehaalen. An der mat schéiner Juegddekoratioun gerëschter Kierch zu Wal gouf de Gottesdëngst dest Joer dann vum Paschtouer Jacques Bagnoud zelebréiert. Passender Weis hun di Réidener Juegdbléiser ënnert der Leedung vum Marc Pletgen fir d’Verschéinerung vun der Hubertusmass gesuergt. A senger Predigt ass den Jacques Bagnoud op d’Missioun an d‘Passioun vum Jeeër an der Natur ënnert hirem Schutzpatroun dem hl. Hubertus agaangen. Séin spezielle Merci huet hien de Réidener Juegdbléiser ausgesprach fir di schéin Traditioun, d’Haupeschmass all Joers op en neis mat hiren klangvollen Instrumenter ze verschéineren. Och de President Guy Schank huet zum Schluss vun der Mass all Bedeeligten säin Merci ausgedrëckt, déi zur Gestaltung vun der 34. Haupeschmass zu Wal beigedroen hun. Mat engem vun de Juegdbléiser offréirertem Concert mat Juegdmusek beim Fâkelschäin an engem Glas Glühwäin huet dess schéi Feier zu Wal hiren würdigen Ofschloss fond. (CR) (Foto: Charles Reiser)