Gëschter, den 22. Abrëll ass de Wunnkomplex Veianen offiziell inauguréiert ginn a Presenz a mat Interventioune vum:
- Madamm Michèle Racké – Directrice générale vun der APEMH,
- Här Romain Kraemer – President vun der Fondation APEMH,
- Här Claude Meisch – Minister fir Wunnengsbau a Landesplanung a Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend,
- Här Max HAHN – Minister fir Famill Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil,
- Här François Weyrich – Buergermeeschter vu Veianen.
Bei sonnegem Wieder konnt den Éierewäin, offréiert vun der Gemeng Veianen op der Terrass zerwéiert ginn an déi vill Invitéë konnte vun der schéiner Vue op d’Veianer Schlass profitéieren.
Uschléissend konnt de Komplex, deen um fréiere Site vun enger Schräinerei entstanen ass, besichtegt ginn.
E besteet aus 16 Wunnunitéiten:
- 7 Appartementer,
- 5 Eefamilljenhaiser an,
- 4 Studioen.
De Komplex offréiert bezuelbare Wunnraum fir ee large Public, op jonk oder manner jonk, Familljen oder aleng liewend, mat oder ouni Beanträchtegung.
Zil ass et hei ee Liewensraum ze schaffe wou d‘Bewunner sech kënne begéinen an austauschen.
Déi verschidde Wunnenge gi vun 3 verschidde Sozial Bailleur’en geréiert:
- der Fondation APEMH, mat hirer Wunnoffer „Autonomie-sécurisé“, enger inklusiver WG an engem Service d’assistance sur place,
- dem Resonord mat hirem Service „Wunne bleiwen“ an der
- Anne asbl, mat 2 Wunnenge vum Typ SLEMO, betreit Wunne fir jonk Erwuessener.
Mir soe jidderengem Merci dee mat um Projet bedeelegt war.
Communiqué de presse (FR & DE)