1. Spieltag in der Indiaca Meisterschaft (Mixed)

De Samsdeg, den 20. November ass an der Sportshal vun der Larei zu Veianen den 1. Spilldag vum Lëtzebuerger Mixed-Championnat 2010/2011 am Indiaca ausgedroën ginn. Keng vun den Equipen huet et des Kéier gepackt all hier Mätcher ze gewannen. D'Favoriten op den Titel hunn sech géigesäiteg Punkten ofgeholl, andeems bei verschiddene Partien déi eng Equipe den 1. Saz an déi aner den 2. Saz gewanne konnt. Den Titelverteideger Bettenduerf huet géint Useldéng a géint de Groe Léiw jeweils ee Saz mussen ofginn a steet no 4 Mätcher mat 10 Zieler punktgläich mam Groe Léif op der zweeter Plaz vun der Tabell knapp hannert Useldéng (10,5), déi allerdings schon ee Mätch méi absolvéiert hunn wéi déi aner Konkurrenten un der Tabellespëtzt. An der
Mixed-Kategorie bleiwt et deemno nom 1. Spilldag nach ganz spannend, well do nach keng Equipe sech an der Tabell ofsetze konnt. Den nächste Mixed-Spilldag gëtt schon den 11. Dezember zu Useldéng ausgedroen. Do wäert et also ganz spannend ginn, ob sech do eng vun de Favoritenequipen ee Virdeel géigeniwwert der Konkurrenz verschaaffe kann.


Hei sinn d'Resultater vum 1. Spilldag:

Alzéng - Juniors 25:21 an 25:22
Groe Léiw - Ëlwen 25:18 an 25:18
Bettenduerf - Nordstad 25:8 an 25:16
Colmer-Bierg - Useldéng 22:25 an 13.25
Groe Léiw - Alzéng 25:22 an 25:14
Nordstad - Juniors 17:25 an 25:22
Ëlwen - Colmer-Bierg 26:24 an 19:25
Useldéng - Bettenduerf 24:14 an 11:25
Alzéng - Nordstad 23:25 an 25:23
Colmer-Bierg - Groe Léiw 11:25 an 17:25
Juniors - Useldéng 22:25 an 25:22
Bettenduerf - Ëlwen 25:13 an 25:22
Colmer-Bierg - Alzéng 16:25 an 16:25
Useldéng - Nordstad 25:17 an 25:17
Groe Léiw - Bettenduerf 17:25 an 25:22
Ëlwen - Juniors 26:28 an 17:25
Alzéng - Useldéng 13:25 an 25:23

Tabell nom 1. Spilldag:

1. Useldéng 10,5:4,5 Punkten (aus 5 Mätcher) Differenz: +38
2. Bettenduerf 10:2 (aus 4 Mätcher) Differenz: +49
3. Groe Léiw 10:2 (aus 4 Mätcher) Differenz: +45
4. Alzéng 8,5:6,5 (aus 5 Mätcher) Differenz: +1
5. Juniors 6,5:5,5 (aus 4 Mätcher) Differenz: +8
6. Nordstad 2,5:9,5 (aus 4 Mätcher) Differenz: -47
7. Colmer-Bierg 2:10 (aus 4 Mätcher) Differenz: -51
8. Ëlwen 1:11 (aus 4 Mätcher) Differenz: -43