Useldeng am Mëttelalter

De 15. a 16. Juni 2022 war et no engem Joer waarden endlech nees esou wäit!


D’Useldenger Mëttelalterfest steet mëttlerweil bei ganz ville Leit fest am Kalenner sou dass d'Useldenger Härenekipp och dëst Joer trotz epuer Reendrëpsen nees immens vill Visiteure konnt begréissen.


Em déi 80 Bénévolen hunn alles dru gesaat de Visiteuren ee flott Fest ze erméiglechen.


Am Schied vun der Buerg hunn méi wéi 10 verschidde Showacts, Gaukler, Stelzengänger, Muséker a Marionettespiller fir Stëmmung gesuergt, sou dass Grouss a Kleng op hier Käschte komm sinn.


Et ass och keen hongrech Heem gaange well nierwent dem traditionelle Gegrills gouf et och dëst Joer nees eng ganz Réi mëttelalterleche Kascht wéi gegrillten Ham, Ritterfladen, a Fierkel um Spieß.


Samschdes owes gouf de Programm mat enger flotter Feiershow clôturéiert.


Mir freeën eis wéi ëmmer op d'nächst Joer!