Modernen Mini- Bagger fir den Technischen Dingscht iwergin


Gemeng Hëlperknapp: Am Kader vun enger klenger Feierstonn an den Ateliers vun der Gemeng Hëlperknapp zu Tënten ass den neien Mini- Bagger fir den technischen Dingscht vun der Gemeng offiziell a Betrib geholl gin. De Schëffen Emile Splicks ass op d‘Noutwendigkeet vun deser neier Uschaffung agaangen, déi den Leit vum Technischen Dingscht et erlabt vill Arbichten a verschidden Beräicher innerhalb vun der Gemeng an och zum Wuel vun alle Matbierger selwer können auszeféieren. Säi Merci gong vir d’Alleréischt un de Verband als Liferant fir di gut Zesummenarbecht an och fir di ganz gut Berodung vun desem neien Mini-Bagger vum Typ JCB-

C50Z-2. Mat der neier Maschin mat enger Reih praktischen Ubaugeräter fir di verschidden Arbichten können auszeféieren, ass den Arbichter och vill Freed gewënscht gin an dat si och di dest Material an Zukunft och sollen gut versuergen a pflegen. De 5- Tonnen JCB- Minibagger mat enger geräischarmer Kabin, ergonomischen Bedingungselementer, engem 7- Zoll Farwmonitor mat Drehregler a programméierbarer Duerchflossregelung fir bis zu 10 Ubaugeräter unzeschléissen, engem Perkins Dieselmoter vun der neier Generatioun- V- konform mat 46 PS ausgestatt, ass genau di richtig Maschin fir eng optimal Arbicht an der Gemeng können auszeféieren. (CR) (Fotoen: Charel Reiser)